Opruff vum OGBL, 27. Mee 2021
Fir d’Zukunft vun eisen Ausbildungen!
Fir d’Zukunft vun eise Beruffer!
Den 3. Mee huet eis Regierung eng Reform vun der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg ugekënnegt. De Projet vun dëser Reform wéi en haut um Dësch läit, leeft total laanscht Besoin’en vum Terrain. Dëst war virauszegesinn, well am Virfeld Chance verpasst ginn ass, en proppere Sozialdialog mat de concernéierte Léit an hiren Organisatiounen ze féieren. All concernéiert Organisatiounen hunn am Virfeld virun de Risike vun esou enger Reform gewarnt a gesot et muss drëms goen eis Beruffer attraktiv ze gestalten an an der Penurie déi eis um Terrain ze schafe mëscht, entgéint ze wierken.
Et ass aus enger positiver Initiativ, eng Chaosreform entstanen, déi 3 Klasse vun Infirmiere virgesäit, déi Chance verpasst fir konkret Virschléi ze presentéieren zu aner Beruffsgruppen déi am Gesondheetswiesen aktiv si – wéi den Aide-soignant, den Aide socio-familial an den Auxiliaire de vie.
Et ass eng Reform déi de Beruff vum Infirmier spécialisé net konkret opwäert an et sech net attraktiv mëscht fir méi Jonker fir d’Spezialisatiounen an Zukunft ze léieren.
Dofir ruffe mir als Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen vum OGBL, zesumme mat de Studenten an de Proffen an de concernéierte Beruffsassociatioune vum Terrain op fir den 1. Juni um 15 Auer op der Place d’Armes virum „Cercle“ ze demonstréieren.
Op dësem Dag wäert d’Chamber tagen an Petitioun 1811 thematiséiere wou et konkret em Ausbildung vun den Infirmiers’en an Infirmièren zu Lëtzebuerg geet. Kommt zuelräich! Et ass wichteg, dass mir eis hei gemeinsam a solidaresch asetze fir Zukunft vun eisen Ausbildunge vun eise Beruffer.
Comentários