OGBL: On se MOBILISE
- Är Personalvertriedung
- vor 1 Stunde
- 3 Min. Lesezeit
Sicherlich gibt es Gründe, am 28.6. auf die Straße zu gehen ABER ...
Es gibt kontroverse Diskussionen zu dem "pauschalisierten Aufruf" der Gewerkschaften OGBL und LCGB, denn zum Beispiel wurde trotz der aussagekräftigen Studie von M.L. Laire im Jahr 2019 dieser Weckruf im Endeffekt von der damaligen Regierung nicht ausreichend berücksichtigt. Auch wenn es, begünstigt durch die Lobbyarbeit und die Pandemie, den Startschuss für die Akademisierung in der Pflege gab, wurde auch damals weder Personalmindestbesetzungen noch Mindestqualifikationsquoten fixiert oder die entstehende Lücke zwischen Krankenpflegehelfer und Krankenpflegekraft geschlossen.
Auch bezüglich der Renten muss man wohl der demographischen Entwicklung Rechnung tragen, jedoch bitte deutlich kreativer. "Hände weg von den Renten!" ist kaum zukunftsfähig.
Die jetzige Regierung ist auch nicht demokratiezerstörend (oder etwas doch?) und das Gewerkschaftler von "sozialer Apartheid" sprechen, kann und muss kritisch betrachtet werden. Immerhin profitieren wir im Krankenhaussektor davon, dass laut Art. 28 des Tarifvertrages die Errungenschaften und Verhandlungsergebnisse im Staatsdienst auf unseren Sektor übertragen werden und alle Beschäftigten der systemrelevanten Gesundheitsdienste davon profitieren.
Ja, stimmt, der Sozialdialog und die Tarifautonomie müssen für die gesamte Gesellschaft in Luxemburg bewahrt werden, weil der soziale Frieden damit besser gesichert bleibt. Ein pauschaler Rundumschlag ist aber kritisch zu betrachten.
Also hier, im Namen und unter der inhaltlichen Verantwortung der Gewerkschaft OGBL:
Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,
Lo ass et bal souwäit. Muer ass de groussen Dag vun eiser nationaler Manif fir eis Renten, fir eis Kollektivverträg, fir eis Aarbechtsbedingungen, fir Solidaritéit, soziale Fortschrëtt an Demokratie!
Et ass warscheinlech dee wichtegste Rendez-vous vun deene leschte Joren, wann net Joerzéngten - well et geet em alles. Et geet em d’Fro no der Gesellschaft, déi mer wëllen, an déi mer eise Kanner wëllen hannerloossen.
Welle mer d’Rad zréckdréinen an eng Zäit ouni Gewerkschaften, ouni Rechter fir déi schaffend Leit, ouni Kollektivverträg? Alles wat mer hunn, eis Aarbechts-, Loun- a Liewensbedingunge goufe vu couragéise Männer a Frae virun eis erkämpft, heiansdo ënner Asaz vun hirem Liewen. Welle mir déi Generatioun sinn, déi nokuckt wéi eis dat nees wechgeholl gëtt? Welle mer eise Kanner eng Kéier erklären dass mir net op der Héicht waren, wéi et drop ukomm ass?
De Luc Frieden a seng Kolleege vum Patronat wëllen eis net nëmmen alleguer bis zu 5 Joer méi laang schaffe schécken, si wëllen och eis Kollektivverträg vrecktmaachen, si wëllen dass mer zu all Moment eisem Patron zur Verfügung stinn. Si wëlle virun allem eise Lëtzebuerger Modell zerschloen, deen dëst Land duerch vill Krise bruecht huet.
De Pfleegenoutstand an de Personalmangel am sozialen an edukative Secteur sinn dogéint absolut keng Prioritéit fir si. Och hei stellt sech d’Fro no der Gesellschaft déi mer wëllen? Welle mer eng Gesellschaft déi déi Leit, déi eis Krank an eis Al, eis Kanner an eis Jonker pfleegen, erzéien a begleeden, auspresst bis et net mei geet? An där déi schaffend Leit just nach Zuele sinn? An där Juegd op Kranker gemaach gëtt?
Kolleeginnen a Kolleegen,
Et geet e Samsdeg em Alles, a fir eng Kéier hu mer ganz konkret d’Méiglechkeet eppes ze erreechen, eppes ze veränneren. Dat eenzegt, wourop et ukënnt, ass wéi vill Leit mer sinn.
Et gëtt vu jidderengem vun eis just eppes verlaangt: 3-4 Stonne vun eiser Zäit ze affere fir net musse 5 Joer mei laang ze schaffen, fir net d’Rad zréckzedréinen a fir eis Kollektivverträg ofzesécheren.
Kommt alleguer op eise Rendez-vous fir eise Secteur um 10h30 virun der Zitha-Klinik. Vun do gi mer da geschlossen op d’Manif selwer.
E Samsdeg schreiwe mer Geschicht, all zesummen!
David Angel
Zentralsekretär [Anmerkung: OGBL Syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs]
Commentaires