top of page
Suche

Merci !

Autorenbild: Är PersonalvertriedungÄr Personalvertriedung

( deutsch ) ( français )


Viru 5 Joer huet déi haiteg Delegatioun hire Waloptrag ugeholl a sech an dëser Zäit esou gutt   ewéi méiglech fir d’Mataarbechter vum CHNP agesat. Mir hu probéiert am Sënn vum Mataarbechter, vum Patient /Client a Bewunner souwéi am Sënn vum CHNP, no beschtem Wëssen a Gewëssen Decisiounen ze huelen a mat ze droen. Verschiddener vun Iech haten individuell Uleies, anerer hate Mol ee kollektiivt Probleem. Zesummen hu mir no méigleche Léisunge gesicht an a ville Fäll fonnt, awer leider och net ëmmer.

Wärend dëser Walperiod hu verschidde Memberen nei berufflech Rollen ugeholl. Wat zu Changementer an der Delegatiounsaarbecht gefouert huet, déi zäitweis en zimmlechen Challenge waren.

Hei wëlle mir dem Miguel nach eng Kéier e groussen MERCI vir säin Engagement an de leschte 17 Joer soen, dee säi Mandat an der Delegatioun duerch seng nei Funktioun net weiderféieren konnt. Den Miguel  huet Personaldelegatioun, déi säit 2003 niewent der Associatioun d’Personaluleies am CHNP vertrëtt , zu deem gemaach wat si haut ass.

Mir hunn och vill op nationaler Eebene verhandelt an diskutéiert z.B fir Verbesserunge vum Kollektivvertrag an de Gesondheetssecteur besser opzestellen.

Selbstkritesch musse mir och feststellen, dat eis erëm net genuch Zäit bliwwen ass, fir esou präsent um Terrain ze sinn, wéi mir eis dat gewënscht hätten, well dëst zum schéinsten Deel vun eiser Aarbecht gehéiert.

Mir wëllen op dësem Wee och besonnesch eisen neie Kandidate Merci soen, dass si gewellt sinn sech an deenen nächste 5 Joer vir d’Interesse vum Personal ze engagéieren.

MERCI vir Äert Versteesdemech an Äert Vertrauen. Mir hoffen och an Zukunft vir Iech mat Rot an Dot dierfen do ze sinn.




 
 
 

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen

myGuichet.lu

myGuichet.lu i st eine offizielle Serviceplattform der luxemburgischen Regierung, die den Bürgerinnen und Bürgern sowie Unternehmen den...

Comments


bottom of page