top of page

Congé bei Quarantän oder Isolatioun vun engem Kand

Autorenbild: Är Personalvertriedung
Är Personalvertriedung
16. Sept. 2020
1 Min. Lesezeit

De Ministère de la Sécurité sociale huet e Mëttwoch festgehalen, dass bei Quarantän oder Isolatioun vun engem Kand, een Elterendeel kann op de Congé pour raisons familiales zeréckgräifen. Dee Congé gouf jo Mëtt Mäerz en place gesat.


Déi Congésdeeg, déi ee muss huelen, fir bei sengem Kand doheem ze bleiwen, ginn net vum legale Congé ofgezunn. Fir e Kand tëscht 0 a 4 Joer sinn dat aktuell 12 Deeg, am Alter tëscht 4 an 13 Joer 18 Deeg an tëscht 13 an 18 Joer sinn et 5 Deeg.


D'Demande ka mat Hëllef vun engem neie Fomulaire gemaach ginn, deen un déi concernéiert Eltere verdeelt gëtt.

De Congé pour raisons familiales kann an Usproch geholl ginn, wann d'Kand entweder a Quarantän gesat gëtt oder eng Isolatioun decidéiert gouf. Dat gëllt souwuel fir Schoulkanner hei am Land oder fir Kanner a Strukturen am Ausland, d'Elteren awer hei am Land wunnen. An deem Fall mussen déi auslännesch Autoritéiten, déi d'Decisioun getraff hunn, en Zertifikat oder en Attest ausstellen.



 
 
 

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
Safewards

Ein Lesetipp, fachlich: Safewards Ein Team um den emeritierten Professor Len Bowers am King’s College in London entwickelte das Safewards-Modell. Grundlage war eine umfassende Forschung, in der mehr a

 
 
 
Zur aktuellen Briefwahl

Zur Info: "wir möchten Sie daran erinnern, dass Ihre Stimmabgabe im Rahmen der Wahl eines nicht-medizinischen Vertreters im Verwaltungsrat ausschließlich auf dem Postweg erfolgen muss, gemäß den Ihne

 
 
 

Kommentare


bottom of page