top of page

Noruff: Madame Liliane Lutgen

  • Autorenbild: Är Personalvertriedung
    Är Personalvertriedung
  • 2. Dez. 2019
  • 1 Min. Lesezeit

D’Noriicht vum Doud vum Liliane Lutgen stëmmt eis, d’Membere vum Comité, immens traureg.


Mir verléiere mam Liliane een aktive Member, dee sech fréi a sénger Beruffscarrière, 1987, am Personalveräin engagéiert huet fir d’Uleies vun den Aarbechtskolleeg(inn)en anzesetzen.

Sou huet d'Lil als laangjäreg Sekretärin vum Personalveräin säin Engagement bewisen a Verantwortung iwerholl.


D’Lil ass vu sengen Aarbechtskolleg(inn)en geschätzt ginn, als léiwen a besonnegen, interessanten an interesséierte Mënsch, fir säin Engagement, seng Offenheet a fräie Geescht, där d’Wuel vun de Patienten am Virdergronn stoung!


Mir drécke senge Geschwëster eist Matgefill aus a kënnen hinne versécheren, datt d'Lil bleiwend Andréck bei eis hannerléisst, als Infirmière, Aarbechtskolleegin a Responsabel vu sengem service dem Bu4, behale mir d’Lil a gudder Erënnerung.


Äddi Lil

De Comité vum Personalveräin

 
 
 

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
Öffentliche Petition

Einführung von berufsbegleitenden Ausbildungsgängen, die Pflegehelfern den Zugang zu den Berufen der Krankenpflege oder des Gesundheitstechnikers in Luxemburg ermöglichen Pétition n°4082 - Mise en pla

 
 
 

Kommentare


bottom of page