Ee vun de Punkte vum Accord salarial, déi den OGBL ausdrécklech begréisst huet, war
d’Erhéijung vu 5% op den éischten honnert Punkten fir all Fonctionnaire an Employé beim
Staat a bei de Gemengen. Iwwert d’Kollektivverträg gëtt déi Erhéijung och bei de
kommunalen a staatleche Salariéën applizéiert.
Zwar war et nëmmen eng deelweis Upassung vum Punktwäert, amplaz eng integral
Upassung, déi zanter 2018 aussteet, mee doduerch dass de Montant fir all Beamten
d’selwecht ass, war et eng iwwerproportional Opwäertung vun den niddrege Carrièren ...
Comments